Leider ginn ëmmer erëm Koppelen an Therapie, wann et schonn ze spéit ass. Wat ee méi laang waart, wat de Gruef méi grouss gëtt, a wat et méi schwéier ass iwwer Verletzunge wech ze kommen a Saachen ze reparéieren.
Vill besser ass et méi fréi professionell Hëllef opzesichen.
Ee Butt-Plug ass ee sex toy, eng sexuell Spillsaach, déi een anal aféiert, an déi zum sexuelle Pleséier bäidroe soll.
Et ginn der a verschiddene Forme, Materialie, an d’Haaptfunktioun ass, dass se vir eng Zäit am Anus bleiwe, dass een se dréit, ei een se da rëm raus hellt. Dëst ass am Verglach mat engem Dildo, oder engem Penis, déi ee ran a raus beweegt. Vir dass de Plug gutt setzt, an net ze wäit rop rutscht, huet dësen normalerweis eng base, also eng Plattform, déi méi breet ass, a mëscht, dass en sech net beweegt.
Aktualitéit: Wéi huet Lëtzebuerg op der ILGA Rainbow Map ofgeschnidden?
/
Share
Link
Embed
Wann dir an der Lescht e bëssi op LGBTIQ+ Neiegkeete geuecht hutt, dann hutt dir warscheinlech vill Bretzen iwwer Lëtzebuerg seng Ranguerdnung op der ILGA Rainbow Map gesinn. D’Rainbow Map ass e Ranking vun 49 europäesche Länner. Heibäi gëtt gekuckt, wéi gutt d’Gesetzer an d’Politik an an deene verschiddene Natiounen, d’Mënscherechter vu queere Leit beschützen a fërderen. Lëtzebuerg krut dëst Joer déi 10 Plaz. Mee ass dat Grond fir ze feieren? Dës a méi Froe beäntwert Ella an dëser Rubrik.
D’Rainbow Map fann dir hei D’Annual Review fann dir hei
Et gëtt oft bedauert, dass et bal keng Daten, Statistiken a Studien zu queeren Themen zu Lëtzebuerg gëtt. Ouni konkret Informatiounen ass et schwéier fir gezielt an effektiv Initiativen ze plangen an eng Verbesserung ze bewierken. Dofir si Projete wéi de Luxembourg LGBTIQ+ Panel vum Laboratoire d’Études Queer, sur le Genre et les Féminismes (LEQGF) esou wichteg. An dëser Rubrik erkläert d’Ella wat de Luxembourg LGBTIQ+ Panel ass, a wat dobäi eraus koum.
Déi 10 Revendicatioune vum Luxembourg LGBTIQ+ Panel: 1. Renforcer les lois sur l’anti-discrimination et légiférer davantage pour protéger et soutenir les groupes LGBTIQ+ les plus vulnérables. 2. Consulter régulièrement avec les associations LGBTIQ+ avant tout projet politique ou de législation. 3. Créer plus d’activités et d’espaces queer décentralisés et soutenir les groupes LGBTIQ+ confrontés aux marginalisations intersectionnelles. 4. Accroître la visibilité des thématiques LGBTIQ+ dans la société, les médias et les programmes éducatifs. 5. Sensibiliser davantage aux questions LGBTIQ+ et rendre certaines formations obligatoires pour différents corps de métier. 6. Lutter efficacement contre la haine, les actes et les paroles anti-LGBTIQ+ dans les sphères publique, politique, professionnelle et éducative en instaurant des conséquences réelles pour les auteurs de discrimination/de violence. 7. Garantir des procédures et cadres légaux et sociaux qui intègrent pleinement les réalités des personnes et familles LGBTIQ+ dans la vie quotidienne. 8. Faciliter et promouvoir l’accès à l’information et aux systèmes d’aide et de soutien pour personnes queer. 9. Enrichir la coopération entre associations LGBTIQ+, mettre de côté les différends et proposer une communication accessible et diversifiée sur l’offre LGBTIQ+. 10. Mener un travail de plaidoyer politique de fond porté par les associations LGBTIQ+.
Aktualitéit: Wéi eng Follgen huet Petitioun no.3198 haut nach?
/
Share
Link
Embed
Am Januar 2025 goufen an der Chamber Petitioun no.3198 an hier Géigepetitioun debattéiert. Déi eng wollt queer Themen aus der Schoul verbannen, déi aner wollt se méi visibel maachen. Elo, am Januar 2026 huet d’Regierung e puer Initiative virgestallt, déi fir méi Gläichberechtegung an eng besser Opklärung suerge sollen. Wat genau geplangt ass, a wéi d’Lëtzebuerger Gesellschaft dorop reagéiert huet, dat erkläert d’Ella an dëser Rubrik.