Come Together (Kapitel 1): Ass Sex wichteg? Firwat hunn mir Sex?
/
Share
Link
Embed
Wat sinn déi 4 grouss Grënn, firwat Leit Sex hunn? Wei kann ech domadden ëmgoen, wann ech kee Sex well? A wat kann ech maachen, wann ech rëm méi zefridde well si mat dem Sex, deen ech mat menger Bezéiungspersoun hunn?
Quellen zu Asexualiéit: – Episode 69 zu Asexualitéit – Episode 126 zu Demisexualitéit → hei gett et och vill weider Quellen an de Shownotes – „Ace: What Asexuality Reveals About Desire, Society, and the Meaning of Sex“ vum Angela Chen – „(un)sichtbar gemacht – Perspektiven auf Aromantik und Asexualität“ Annika Baumgart & Katharina Kroschel
Heiansdo ass Schwätzen oder e Gespréich ufänken guer net esou einfach! An dëser Rubrik geet et drëm, wéi een eegen Bedürfnisser, Wënsch an Phantasien senge Sexpartner*innen och op manner verbal Aart a Weisen ausdrécken kann. Duerch Weisen, Schreiwen, Spillen, Fillen oder Kucken.
Wat ass de Loscht-Imperativ (engl. desire imperative)? An firwat sollte mir Pleséier zentréieren, fir laangfristeg zefridde sexuell Bezéiungen ze féieren? Doriwwer schwätzt Kelly an dëser Rubrik.
Come Together (Kapitel 3): Den Emotional Floorplan
/
Share
Link
Embed
Et ass wichteg Pleséier an de Fokus vu sexuellen an intime Bezéiungen ze setzen (also alles wat sech gutt ufillt). Elo ass d’Fro: wéi maache mir an eisem Liewe Platz fir Pleséier — wa mer esou vill aner Saachen ze dinn hunn, déi wichteg sinn?!
Hei benotzt d’Emily Nagoski a sengem Buch “Come Together” eng Metapher: the emotional floorplan. Eisen emotionale Grondrëss besteet aus 9 verschiddenen Raim, dovun sinn der 4 pleasure-favorable (PLAY, SEEKING, CARE, LUST), 3 pleasure-adverse (PANIC&GRIEF, FEAR, RAGE) an 2 neutral (OFFICE & OBSERVATIONAL DISTANCE).
Dëse Plang ze kënne kann hëllefen ze verstoen, wéi mer an dee Raum kommen, wou mer sexuelle Pleséier erliewen. Du wëlls wëssen, wat deng 9 emotional Raim sinn a wou de Pleséier wunnt? Dann lauschter eran an d’Rubrik vun dëser Woch!