Wat mëcht Covid mat Bezéiungen, Intimitéit a Sexualitéit? Wéi ass Dating wärend enger globaler Pandemie? D’Kelly an d’Anne ziele vun hiren Erfarungen a schwätzen iwwer Masturbatioun, mental health an nach vill méi.
An der Rubrik äntwert den Eile op eng weider Fro vun Noolauschter*innen: #followersedition N°3 – Erektiounsproblemer. Et gi verschidde Grënn, firwat ee keng Erektioun hale kann. E puer Froen déi een sech stelle soll sinn: Kann ech eng Erektioun halen, wann ech eleng masturbéieren? Geschitt mer dëst nëmme mat enger Partnerin oder engem Partner? War dat schonn ëmmer sou, oder ass et eppes Neies?
QUELLEN:
– Studie Nr. 1: Intimität und soziale Beziehungen in der Zeit physischer Distanzierung
– Studie Nr. 2: Eine Übersicht medialer Narrative im Frühjahr 2020 – Wie verändert die COVID-19-Pandemie unsere Sexualitäten?
Lauschter zu dësem Thema och an folgend Rubrik eran:
How to: Gesond bleiwen an Zäite vun der Quarantaine