Festivals kënne mat Musek lauschteren, vill Kultur an Danze bis een emfällt ze dinn hunn. Mee net seele gehéiert dozou och Knuutschen, Schmusen a vläicht souguer Sex. Deen een oder dat anert ass dobäi net méi ganz niichter. Fir dass dat net schif geet, ass et immens wichteg, informéiert ze sinn. An der neier Folleg preparéieren d´Anne an de Carlos vu Pipapo sech am Kapp op e Festival fir d´nächst Joer. Dat wat si soen, gëllt awer genee sou, wann een doheem mat enger oder méi Persoune wëll intim ginn a Substanzen am Spill sinn. Am Podcast schwätzen si iwwer allgemeng Reegelen. Um Site Pipapo.lu fannt dir awer och Informatiounen zu all eenzeler Drog, hirer Wierkung an de Risiken, déi si mat sech brénge kann. An dëser Episod gëtt d´Thema Chemsex (Sex op syntheteschen Drogen) net traitéiert. Mir recommandéieren awer d´Folleg zum Thema vum däitschsproochege Podcast Stadt-Land-Schwul. D´Podcaster schwätzen do souwuel mat engem Dokter souwéi och mat enger Mataarbechterin vum Drugcheck Zürich. An der Rubrik huet d’Kelly op Froen vun Noolauschter_innen geänfert – zu den Themen: – mat Jugendlecher iwwer Sex Schwätzen, – Pornokonsum – an sexuell Orientéierungen. Wann dir och Froen hutt wat mir an enger Rubrik kenne beäntwerten, schreift eis är Iddien eran.
Et gi vill Forme vu Männlechkeet. Verschiddener si geféierlech, a beim Ausliewe kann een sech an anere wéidoen. Den Elie an de Joël schwätzen dës Kéier doriwwer, wat et heescht, e Mann ze sinn, a wéi een sech géint toxesch Männlechkeet ka stellen. Nieft Autoen, Béier an enger Kotlett um Grill kommen awer och soft boys, kritesch Männlechkeet a gutt Virbiller zur Sprooch. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer wéi een sou matenee schwätzt, dass een och gehéiert a verstane gëtt. Wat gelift? Lauschtert eran.
Hei fannt dir d’Links déi an der Episod ugeschwat goufen:
#058 Sexability – Sex mat Behënnerung, mä ouni Barrièren
/
Share
Link
Embed
Wann et em Sex a Behënnerung geet, dann huet een et dacks mat Barrière am Kapp an net mat physesche Barrière ze dinn. Déi muss een erkenne fir se ofbauen a Zäertlechkeet genéissen ze kënnen. Dat ass d’Thema vun der neier Folleg an där d’Anne vum Podcast an en anert Anne eescht Gespréicher féieren, mee och vill laachen. An der Rubrik schwätzt d’Kelly iwwer Gefiller, a firwat et sech lount se all ze fillen.
Et kribbelt am Bauch, wann ech eng Persoun gesinn, mä heescht dat, datt ech verléift sinn? Kann sech eng néi Frëndschaft wéi verléift-sinn ufillen? Wisou well ech verschidde Leit just kucken an net upaken? D‘Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert déi verschidde Forme vun Unzéiung an erkläre Konzepter, fir besser mam Gefillschaos ëmzegoen. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer: Pleasure Mapping. Dës ass eng Technik wou ee Kierperdeeler erfaasst vir erauszefanne wat sech gutt ufillt, a wat net. Du wëlls wësse wéi? Da lauschter eran.
INFOS ZU DER EPISOD:
Smush – (based on sexual attraction) a strong desire to be sexually close to or have a sexual relationship with a specific person; ex. of usage: “They’re so smushable”/“i’m in complete smush for you”/“Who’s your current smush?”
Crush – (based on romantic attraction) a strong desire to be romantically close to or have a romantic relationship with a specfic person; ex. of usage: “I have a crush on you”/“I’m currently crushing on [x]”
Squish – (based on platonic attraction) a strong desire to be platonically close to or have an intimate friendship with a specific person; ex. of usage: “I have a squish on [x]”/“I’m squishing so hard for you”
Lush – (based on sensual attraction) a strong desire to be sensually close to or engage in sensual activities with a specific person; ex. of usage: “I have a lush for you”/“I’m in total lush with you”/“Who are you currently lushing for?”
Swish – (based on aesthetic attraction) a strong desire to be aesthetically close to or have freedom to continue aesthetic appreciation of a specific person; ex. of usage: “I have such a swish for [x]”/“Who are your top five swishes?”
D´Entdeckungsrees iwwer den eegene Kierper soll sech net ufille wéi en iwwerfëllten Owend op der Schueberfouer, wou e gestouss a vu jidderengem op d´Féiss getrëppelt gëtt. Wéi kann een ellen Erfarunge vermeiden a sech awer selwer kenne léieren? Iwwer schéi Weeër bis zum Punkt vun der Loscht schwätzen d´Liz, d´Laurence an d´Anne an der neier Folleg vu Méi wéi Sex.
An der Rubrikschwätz d’Kelly iwwer etheschen Pornokonsum, d’Mainstream-Porno-Industrie an fair porn.