#055 Verhütung

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#055 Verhütung
Loading
/

Den Elie an d’Kelly schwätzen iwwer Verhütung (och nach: Contraceptioun) a froen sech: Wat fir Verhütungsmëttele gëtt et? Wéie Verhütungsmëttel ass dat richteg fir mech? Wéi benotzen ech et richteg? A wat si Vir- an Nodeeler?

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer wéi een an Zäite vun der Quarantän gesond bleiwe kann.

Ressourcen:
macontraception.lu
safersex.lu
liebesleben.de

#054 Net-Kannerwonsch (auf Deutsch)

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#054 Net-Kannerwonsch (auf Deutsch)
Loading
/

Du bass jonk, waart mol of! Wien këmmert sech soss em dech, wann s de al bass? Dat ass dach natierlech, firwat fäls du aus der Rei? D´Reaktiounen, déi ee kritt, wann ee keng Kanner wëll, si villfälteg. Dacks sinn se grenziwwerschreidend a léisen Drock aus. D´Anne a säi Frënd Max, déi zesummen decidéiert hunn, keng eege Kanner ze kréien, plaidéiere fir en aneren Ëmgang mat sou Froen an der Gesellschaft.

D’Kelly schwätz an der Rubrik “How to stay safe in Luxemburg” iwwert: wou een sech kann testen loossen, wéi een verhüten kann an wou een Berodung fënnt, wann een sech net sëcher ass/fillt.
Infos zu STIs: www.safersex.lu, www.liebesleben.de
Verhütungsmëttelen: www.macontraception.lu
Gratis HIV-Test zu Letzebuerg: dimps.lu

#053 Playpartyen

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#053 Playpartyen
Loading
/

Op eng Party goen, fir do sexuell Erfarungen ze hunn, vläicht och nach an der Grupp? Dat ass guer net esou onméiglech, wéi et vläicht klengt. De Joël schwätzt dës Kéier mat sengem Gaascht Anne doriwwer, wéi et ass, op Playpartyen ze goen, wéi een*t sech dorobber virbereet, wéi ee*nt mat Erwaardungen ëmgeet a wisou Konsens op sou Plazen immens wichteg ass.

#052 Méi wéi Speck

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#052 Méi wéi Speck
Loading
/

Net all Kierper huet déi selwecht Form – an dat ass och gutt esou! Haut geet et ëm mockeleg sinn. D‘Anne an de Joël erzielen, wéi si an hir Kierperen erlieft hunn, wat frustréiert huet a wéi si geléiert hunn, hire Speck ze appreciéieren. Ee Gespréich iwwert Iessen, Danzen, Nudes, Kleedung a Prominenter, déi eng Virbildfunktioun kënnen hunn.

Hei d’Foto vum Joël iwwert déi mir am Podcast schwätzen.

#051 Toxesch Relatiounen & Frëndschafts-Schlussmachen

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#051 Toxesch Relatiounen & Frëndschafts-Schlussmachen
Loading
/

D’Kelly an Tessie vun der eischter Staffel, schwätzen iwwer toxesch Relatiounen a Frëndschafts-Schlussmaachen. Wéi ënnerscheet een toxesch Bezéiunge vun net-toxeschen? Wéi geet een domat em, wann een sech an enger Bezéiung oder Frëndschaft net méi wuel fillt?
An der Rubrik geet et em Herpes, en Virus deen onberechtegterweis en Tabu Thema ass.