#050 BDSM

#050 BDSM
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 
00:00 / 46:56
 
1X
 

Bei BDSM denken déi meescht un Leit a Lack a Lieder, déi sech an däischtere Kelleren auspeitschen. Mä BDSM ass vill méi. Vill vun eis si vill méi kinky, wéi se vläicht denken. D‘Kelly an de Joël schwätzen doriwwer, wat fir verschidde Forme BDSM kann hunn a wisou et enorm sexy ka sinn, sech ze ënnerwerfen oder eng Persoun ze dominéieren.
An der Rubrik froe mer eis: Wat sinn d’Grënn fir ongewollt physesch Péng beim Sex?
Hei nach ee Video iwwert d’Ampelsystem, wat an der Episod erwähnt gëtt:
https://vimeo.com/383529632

#049 Witzer iwwer Sexualitéit

#049 Witzer iwwer Sexualitéit
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 
00:00 / 29:45
 
1X
 

Vum Schenkelklopfer bis bei d’Laachkris. Den Effekt vun engem eenzege Witz ka villfälteg sinn. E kann encouragéieren oder op en aktuelle Problem an der Gesellschaft hiweisen. Oder einfach just blesséieren. D’Anne a de Mateiu hunn sech duerch d’Internet geklickt an dobäi Héichten an Déiften a Punkto sexuellen Humor entdeckt, déi Si an der neier Folleg ausernee plécken. Biller, iwwert déi an der Sendung geschwat gëtt:

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Sexualitéit, Kriibs, a wéi dës Krankheet d’Sexualitéit vun de Betraffenen a vun de Partner-inn-e beaflosse kann.  

#048 Sproochen beim Sex

#048 Sproochen beim Sex
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 
00:00 / 31:22
 
1X
 

Spuenesch, Franséisch oder dach Lëtzebuergesch mat Éisleker Accent – wat ass déi sexiest Sprooch? D’Anne an de Joël schwätzen iwwert Schwätze beim, virum an nom Sex. Wéi wichteg ass verbal Kommunikatioun a wéi verännert se sech, wann een*t eng aner Sprooch schwätzt wéi seng Sexualpartner*innen?
Ausserdeem Breaking News: Brëscht hunn och en Zyklus – lauschter dozou d’Rubrik!

Quell Rubrik: https://www.facebook.com/pg/givingthetalk/

#047 Let’s talk about HIV

#047 Let’s talk about HIV
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 
00:00 / 30:02
 
1X
 

Den 1. Dezember ass Welt-AIDS-Dag. De Joël schwätzt dofir an dëser Episod mat sengem Gaascht Kim vun der HIV-Berodung iwwert den HI-Virus an d‘AIDS-Erkrankung. Wéi eng Methode ginn et, fir sech ze schützen, a wat huet mat deenen néien Traitementer wéi PEP a PrEP op sech? Si schwätzen awer och doriwwer, wéi et ass, wann een sech teste léisst a wéi d‘HIV-Berodung den HIV-Test aus dem Supermarché gesäit. Donieft ass d‘Homofeindlechkeet, déi nach ëmmer mam Thema HIV verbonnen ass, genee esou een Thema.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert d’US-Amerikanesch Komikserie Big Mouth, déi säit 2017 op Netflix leeft a wou grad déi 3. Staffel erauskomm ass. Et geet an den insgesamt 31 Episoden em de Chaos deen ee “Pubertéit” a sexuell Entwécklung nennt. Mir soen: 9 vun 10 Punkten – absolut kuckenswäert.
Hei nach puer Infos:
– Leckduch aus engem Kondom bastelen:
http://www.queerpgh.com/sex-ed-101-dental-dams/
– Wou a wéi kann ech mech zu Lëtzebuerg teste lossen? : dimps.lu
– Geschicht vun der queerer Community an Zesummenhang mat AIDS: https://www.nbcnews.com/feature/nbc-out/lgbtq-history-month-early-days-america-s-aids-crisis-n919701

#046 Sexgeräischer & Audioporn

#046 Sexgeräischer & Audioporn
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 
00:00 / 29:14
 
1X
 

Stöhnen, quiitschend Better, Flutsche … Sex ass meeschtens net immens lues. De Joël, d’Anne an d’Kelly ënnerhalen sech an dëser Episod zu dräi iwwer all méiglech Geräischer beim Sex. Dës Kéier gëtt et keng Rubrik, mä dowéinst awer 29 Minutte laang een auditiven Dräier zu Audioporn, Faken, Verstäerken an Ënnerdrécke vu Geräischer, déi d’Loscht verstäerken oder verklengeren. En plus kläre mir endlech de Mystère, wat et mat Risotto a Sex op sech huet.