#78 Zesumme wuesse – Laangzäitbezéiungen zanter dem Lycée

#78 Zesumme wuesse – Laangzäitbezéiungen zanter dem Lycée
Méi wéi Sex – Staffel 3

 
 
00:00 / 48:11
 
1X
 

Et gi Bezéiungen, déi hale just eng Vakanz oder een Summer – an anerer schonn zanter dem Lycée. Wéi ass d’Liewen als Koppel, wann een*t scho sou laang zesummen ass? D’Liz an d’Geraldine zielen dem Joël, wéi si an hiren jeeweilege Bezéiungen geléiert hunn, mat Konflikter ëmzegoen an wéi (on)komplizéiert d’Relatioun zur Famill vun dem*der Partner*in si kann. Nieft der Fro, ob een iergendwann just nach eng Persoun ass, schwätze mir natierlech och doriwwer, wéi sech d’Sexliewen verännert – a wéi et opreegend bléiwe kann. An an der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Safe(r) Sexting”.

Continue reading “#78 Zesumme wuesse – Laangzäitbezéiungen zanter dem Lycée”

#77 Krampf, Kampf, Kloertext – Weiblechkeet(en)

#77 Krampf, Kampf, Kloertext – Weiblechkeet(en)
Méi wéi Sex – Staffel 3

 
 
00:00 / 1:05:28
 
1X
 

Wat heescht “Weiblechkeet”? An wien bestëmmt dat? D’Anne an d’Kelly schwätzen iwwer (eegen) Virbiller, widderspréchlech Weiblechkeetsufuerderungen, sexuell Unzéiung an iwwer Homarden. Jo, richteg, déi kleng rout Déieren mat der haarder Schuel. Wat et domat op sech huet, lauschtert der hei. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert déi sougenannten “relationship anarchy”.

Hei an hei fannt dir d’Gender Unicorns an d’Gender Schwéngecher vun deenen d’Kelly an der Folleg schwätzt.

#76 Trauer – Jiddereen:t dierf säin eegene Wee goen

#76 Trauer – Jiddereen:t dierf säin eegene Wee goen
Méi wéi Sex – Staffel 3

 
 
00:00 / 1:06:52
 
1X
 

Onofhängeg dovun, ob elo e Familljemember, en Hausdéier oder en:g Koleeg:in stierft: De Verloscht kann sou wéi doen, dass engem d’Wierder feelen an een:t net weess, wéi een:t dat packe soll. Dat Gefill ass fierchterlech, mä normal. An der Folleg Nr.76 schwätzen den Elie an d’Anne iwwer verschidde Formen a Phase vun der Trauer, ginn op Traditiounen an a plädéieren dofir, dass jiddereen:t säin eegene Wee dierf goen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer eng ganz bestëmmte Form vu sexualiséierter Gewalt, nämlech: Stealthing.

#75 Sprint oder Marathon? – D’Dauer vum Sex

#75 Sprint oder Marathon? – D’Dauer vum Sex
Méi wéi Sex – Staffel 3

 
 
00:00 / 47:16
 
1X
 

Ass laange Sex besser wéi kuerzen? D’Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert d’Verhältnis vu Qualitéit an Dauer, iwwert laang Sex-Nomëtteger an opreegend Quickien an d’Fro, wéi een*t d’Längt vum Sex iwwerhaapt ka moossen. E puer Tipps, wéi een Sex an d’Längt zéie kann, gi mir och. An der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wisou verschidde Leit gären ugepisst ginn.

#74 Méi wéi Drogen, Sex a Party – Safer Use & Safer Sex (Specialedition)

#74 Méi wéi Drogen, Sex a Party – Safer Use & Safer Sex (Specialedition)
Méi wéi Sex – Staffel 3

 
 
00:00 / 53:58
 
1X
 

D’Nuetsliewe bitt dem Mënsch Fräiraim fir am Schutz vun der Däischtert neien Terrain ze exploréieren a sech a seng Ëmwelt nei kennen ze léieren. Ausseralldeeglesch Erfahrunge mat Sex an Droge spillen heibäi dacks eng wichteg Roll a sinn ëmmer mat engem gewësse Risiko verbonnen. Mee wéi kann een wärend dem Feieren iwwerhaapt bewosst Entscheedungen treffen? Wéi huet Corona eist Verhale verännert a wéi kann ech mech sou virbereeden, dass ech eng Balance tëscht dem Rausch a Risiko ka fannen?

Vum 7. bis den 11. Dezember huet de Cesas d’semaine de la santé sexuelle et affective organiséiert. An deem Kader huet de Sexpodcast mat Pipapo zesumme geschafft an unhand vun Ëmfroen, déi bei Instagram gemaach goufen, eng Live-Sendung preparéiert, un där Interesséierter per Zoom deel huelen konnten. Dëst ass also e Matschnëtt vun engem Evenement, dat den 11. Dezember stattfonnt huet.

(Hei fannt dir d’Enquête vun Pipapo, vun där am Gespréich riets ass.)

D’Illustratioun staamt vum Adriana de Pinho.