#73 Pijen, Porno a Pannen – Sexting 2.0

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#73 Pijen, Porno a Pannen – Sexting 2.0
Loading
/

Proximitéit tëscht Koppelen oder bei Dates war 2020 just ënnert erschwéierte Konditioune méiglech. Mä am digitalen Zäitalter gëtt et jo glécklecherweis nach aner Méiglechkeeten, enger Persoun seng Loscht ze weisen, se mat hir ze deelen an zesummen ze genéissen. D’Kelly an de Joël hunn sech offline doriwwer ënnerhalen, wéi een online Spaass kann hunn ouni dobäi de Schutz ze vergiessen. D’Rubrik hält eng Rees an d’Welt vun de Fetischer bereet.

Hei sinn nach Siten, op deen dir weider Informatiounen fannt:
Bee Secure a Safer Internet
– Spezifesch Dossieren: Was ist Sexting?
– Bee Secure Kampapagne: Bass de sécher?

Op dëse Plaze kritt dir gehollef:
BEE SECURE Helpline // Tel.: 8002 1234
Kanner-Jugendtelefon // Tel.: 11 6 111
Elterentelefon // Tel.: 26 64 05 55

#72 Know Your Status – Mir testen eis op HIV

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#72 Know Your Status – Mir testen eis op HIV
Loading
/

Wou kann een:t sech zu Lëtzebuerg teste loossen, brauch een:t fir en Auto-Test e Führerschäin a wat wierkt géint Opreegung beim Waarden op d’Resultat? D’Team vu Méi wéi Sex huet sech zesummegesat fir genee dat ze bespriechen. De Elie schwätzt an där neier Rubrik iwwer “Skin hunger”.

#71 De Wee ass d’Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch)

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#71 De Wee ass d'Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch)
Loading
/

„Transitioun“ ass e Wuert dat alles anescht wéi Stëllstand suggeréiert. Wann et am Kontext vun Transgeschlechtlechkeet verwennt gëtt, kënnen d’Verännerungen, déi stattfannen, ganz villfälteg sinn. An zwar net nëmme fir d’trans Persoun selwer, mä och fir hiert Ëmfeld. Wat alles zu dësem extrem individuelle Prozess gehéiert a wat fir Méiglechkeeten et ginn, doriwwer schwätzt de Joël mat sengem Gaascht, dem Amsel. An der Rubrik geet et ëm d’Pëll dono. (Dës Folleg ass op Däitsch.)

#70 Hannert dem Réck – Risiken an Niewewierkunge vum Friemgoen

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#70 Hannert dem Réck – Risiken an Niewewierkunge vum Friemgoen
Loading
/

Fänkt Friemgoe schonn am Kapp oder réischt am Bett un? Wat ass den Ënnerscheed tëscht Reegelen an Ofmaachungen? An lauschtert d‘Méi wéi Sex-Team och heiansdo friem? An der Folleg Nr.70 liwweren d’Kelly an den Elie Äntwerten dorobber. An der Rubrik erkläert den Elie, wéi een den eegene Schnurres mat sozialem Engagement verbannen kann.

#69 Den Aha-Effekt – Asexualitéit ënnert der Lupp (Auf Deutsch)

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#69 Den Aha-Effekt – Asexualitéit ënnert der Lupp (Auf Deutsch)
Loading
/

Firwat behëlt den Dr. House sech heiansdo einfach nëmme wéi en Aasch? Hunn Asexueller automatesch weder Sex nach Bezéiungen? An wat huet dës Orientéierung mat Kuch ze dinn? Doriwwer huet d’Anne mam Julia Maria diskutéiert. An der Rubrik geet d’Kelly op den Gender-Begrëff an.