#125 Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen
/
Share
Link
Embed
An der éischter Episode vun Staffel 6 (yay!) geet et em: éischt Kussen! 😗😘😚😙
Joël, Kelly, Robin an Elie schwätzen iwwer weieng éischt Kussen si haten, wat e gudden éischte Kuss ausmëscht an wei vill Zong gewollt ass. An der Rubrik erkläert Kelly, firwat een bei Erreegung net nëmmen muss op de Gas drécken, mee och vun der Bremse erofklammen.
Äert Méi Wéi Sex Team versuergt Iech mat Outtakes aus deene leschte Joren! Mir wënschen Iech vill Spaass mat eise Verspriecher, eisem Gegackers, Gesangs a Geklapps!
#123: Sandwichkanner, béis Stéifschwësteren an ee groussen Tabu – Geschwëster
/
Share
Link
Embed
Et ass net ëmmer einfach mat hinnen, mä vill vun eis kënnen sech ee Liewen ouni si guer net virstellen: Riets ass vu Geschwëster. De Joël huet der véier a Kelly ass Eenzelkand mat ville Stéifgeschwëster. Si schwätzen doriwwer, wéi dat esou ass, mat oder ouni Begleedung opzewuessen, wat een*t esou präägt a wéi dat eegent Iessverhalen dovunner beaflosst gëtt. Am Gespréich geet et och ëm d’Fro, ob et eng Berechtegung huet, seng Positioun ënnert de Geschwëster als Ersatz-Stärenzeechen ze benotzen a wat et mat deem groussen Tabu Geschwëster a Sex op sech huet. Eng Rubrik gëtt et net, dofir wënsche mir iech ee schéine Summer – bis an der nächster Staffel, bléift hydratéiert!
#122: heiansdo horny, dauergäil oder ni Bock ? — Sex Drive
/
Share
Link
Embed
Sex Drive — all Mënsch schwätzt davun, mee wat ass en iwwerhaapt? De Joël an d*e Robin probeieren an dëser Episod, däer Fro op de Grond ze goen. Doriwwer hinaus erzielt d*e Robin vu senger Erfahrung mat Sex Drive op Bezuch op seng Asexualitéit, an de Joël deelt seng Gedanken zu sengem wiesselnde Sex Drive. Och philosophéieren déi zwee iwwer hir Bezéiung zu hirem Sex Drive.
An der Rubrik gëtt Kelly eng Introductioun zu Rimming.
Säit Joerhonnerte siche Leit net nëmmen no engemenger Partnerin, mä no der éiweger Léift: Där Persoun, mat där alles perfekt ass, fir déi een*t bestëmmt ass. Eng Erzielung, déi mir net nëmmen aus Märercher kënnen, mä och aus Filmer, Serien an esouguer Reality-TV-Sendungen. An dëser Episode schwätzen de Joël an Kelly driwwer, wouhier déi Erzielung kënnt, wat se mat eis mécht a wat fir ee Bléck op Bezéiungen an Léift vläicht méi produktiv ass. Et geet ëm Rolltrapen, Gewässer, déi grouss gesellschaftlech Strukturen a perséinlech spirituell Froen. An an der Rubrik schwätzt den Elie iwwert Kreativitéit beim Masturbéieren. Shownotes: -„All about love“ vum bell hooks -„Zu Lieben. Lieben als politisches Handeln / Kapitalismus entlieben“ vum Lann Hornscheidt – Episod 57: Ech wëll eppes vun dir – mä wat? – Episod 110: Dump them? Wéini trennen ech mech (net)